Wëllkomm op engem oki website

01. Iwwer de Lokale Maart

D’online Plattform erlaabt Verkeefer vun Uebst a Geméis, awer och lokalen Produzenten hir Produkter direkt online ze verkafen ouni iwert aner Intermédiairen ze fueren.

Den Endclient ass frou, lokal, gesond, bio an saisonal Produkter bei hinnen ze fannen.
Bestellt an e puer Mausklicken secher Är Produkter an loosst ierch direkt heem beliwweren oder recoltéiert Produkter direkt beim Produzent / Verkeefer.

De Lokal Market ass een vun den éischten Produkter vun der oki Mark zu Lëtzebuerg.

De Besoin gesond a gutt Produkter ze fannen

02. Ënnerstëtzt lokal Produktiounen a lokal Verkeefer

Lokal iessen heescht géint Pollutioun a Chemikalien ze kämpfen, et hëlleft och den Baueren fir hire Beruff besser ze liewen. Biologesch iessen heescht eng equilibréiert, ofwiesslungsräich Ernärung, ouni Pestiziden oder OGM. Bio Liewensmëttel sin net nemmen fir ze iessen, et handelt sech em eng Liewenanstellung.

Zousätzlech zu gesonden, biologeschen a gudde Produkter, fannt lokal Produkter bei Iech um Lokal Market, an entdeckt nei Goûten ënnert all de Verkeefer.

Wéi geet daat?

Wielt Är Produkter, bestätegt Är Bestellung mat sécherem Bezuelen a wielt d’Liwwermethod:

– Oofhuelen am Geschäft:Dir kënnt de Verkeefer den Dag vun Ärer Arrivée via dem Bestellungsformular matdeelen.

– Heem Liwwerung direkt un Iech, no de Bedéngungen vum Verkeefer.

Besicht de Buttek

Sidd Dir e lokale Produzent?

03. Verkaaft Är Produkter elo online

Verkaaft einfach Är Produkter um Lokal Market an erhéijt Äert Akommes duerch Online Bestellungen.

Een Boutique deen ëmmer accessibel ass, awer och nei Clienten zielt.
Verkafen elo an ouni Stress.
D’Aschreiwung ass gratis wéi och d’Benotzung vun der Plattform. Mir helefen Iech fir Iech beim Benotze vun der Plattform ze guidéieren an e Konto ze kreéieren. Méi gewuer gin …